| Berdorfer-Laf 2011 |
| Sport |
| Sunday, 22 May 2011 14:47 |
|
Mat Spannung as en erwärt gin, de 14 Mee 2011, wou den 4ten Berdorfer Laf stattfond huet. D'Begeeschterung wär och all Mensch am Gesiicht ze gesin, mat Freed hun d'Organisateuren gerappt an geschafft fir alles mat Zait perfekt opgeriicht ze hun, éier di vill erwärten Lait sollten antreffen. Kuerz virum eischten Kannerlaf sin dann do och d'Lait agetraff an och bei hinnen wär d'Erwärdung héij, well si wossten vun den Joeren virdrun dat desen Laf eppes extraes as, perfekt organiséiert, eng wonneschéin Landschaft, immens gudd Stemmung op der Pist an niewendrun..., wat soll een soss nach soen, et gin keng Wieder dofir, wonnerbär ... An just ma Zait as dest Joer d'Sonn rauskomm, an de Reen huet sech verzunn. Sou konnten all Leef, vun denen ganz klengen iwer den 5km an den 10km am Dreschenen ausgedroen gin. Dest Joer as et och bei den Kanner eng Ännerung gin an et as keng Zait gemooss gin, sou wär jidfer Kand en Gewenner an huet och e cadeau kritt. D'Praissverdeelung as op der neier Platz gefeiert gin, wou eng super Ambiance wär bei guddem Patt an gegrilltem. D'Wieder huet suguer sou gudd matgespillt dat bloen Himmel an keng Wollek ze gesin wär. Genéisst nach eng kéier all des Impressiounen bei der Fotoshow, déi no verschiddene Foto-Punkten opgedeelt as.
5 km Klassement vun den eischten 3 Hären: 1. RÖTZEL Kim - 18:27 5 km Klassement vun den eischten 3 Dammen: 1. CONZEMIUS Nathalie - 24:12 1. MOLITOR Christian - 34:00 10 km Klassement vun den eischten 3 Dammen: 1. DUPONT Line - 41:36 Foto-Gallery: Claude
|




